Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
14:30
16:00
Tarife
12€ Normaltarif
6€ Jugendtarif
1.50€ Kulturpass
Dauer
+/- 50 min (Ohne Pause)
Publikum
5 - 9 JAHRE
Sprache
Ohne Worte

Zeenesche Concert mat Musek vum Fauré, Biber, Glière a Kurtág


D'Bün ass prett fir de Concert. E Mikrofon an eng komesch magesch Pedall, eng sougenannt loop station, waarden op hiren Asaz. Zwou Musekerinne kommen op d'Bün. Zwou, déi op den éischte Bléck esou identesch schéngen: vun der Uniform iwwer d’Coiffure bis bei de Gesang, mat Ausnam vun den Instrumenter, well déi eng spillt Cello an déi aner Gei. Mee, wat op den éischte Bléck d’selwecht ausgesinn huet, bréngt no an no Ënnerscheeder mat sech. No turbulent-komeschem Gestëppels a Meenungsverschiddenheeten a mat Hëllef vun der Musek, bréngen déi zwee et fäerdeg, hir Ongläichheeten ze schätzen an de Concert harmonesch ofzeschléissen. Eng Performance, déi net nëmmen d’Diversitéit mat Humor feiert, mee och de jonke Publikum déi ofwiesslungsräich emotional Welt vun der Musek entdecke léisst.

Eleonora Savini, Gei, Spill, Gesang. Federica Vecchio, Cello, Spill, Gesang. Pietro Gaudioso, Inzenéierung. Rosamaria Francucci, Elisabetta Dagostino, Kostümer. Andrea Sostero, Zeenografie. Heinrich Biber, Gabriel Fauré, Reinhold Glière, György Kurtág, Musek. Eleonora Savini, Arrangementer.
Eng Produktioun vum Lucerne Festival.
Empfehlungen