Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
16:00
Tarife
16€ Normaltarif
8€ Jugendtarif
1.50€ Kulturpass
Dauer
+/- 50 min (Ohne Pause)
Publikum
4 - 8 Jahre
Sprache
Luxemburgisch

Museks- an Objetstheater nom Kannerbuch vum Carlo Collodi


De Schräinermeeschter Gepetto huet e Stéck Holz a wëll gär doraus eppes Schéines schräineren. Mee wéi hie sech un d’Aarbecht mécht mat senger Aaxt, senger See, senger Huwwelbänk a senger Rapp, fänkt dat Stéck Holz un ze schwätzen, ze kräischen an ze laachen! Wat schräinert de Gepetto eis dann elo? Déi weltberüümt Marionett Pinocchio hëlt d’Publikum mat op eng faszinéierend Rees, déi mat mageschem Objetstheater verzaubert. D’Musek spillt eng zentral Roll a gëtt der Opféierung e besonnesche Charakter mat barocker an italieenescher Volleksmusek (ë. a. Musek vum Cavalli, de Murcia, Händel, Merula). Mee dat ass net alles – d‘Virstellung ass interaktiv, fir datt déi kleng Zuschauer aktiv musikalesch kënne matmaachen an en eenzegaartegt Abenteuer erliewen.

Martina Menichetti, Erzielung, Spill, Liddkompositioun. Kerstin Hurbain, Spill, Requisittebau, Objetsmanipulatioun. Anna Zimre, CEMBALESS: Viola da Gamba. Stefan Koim, Barock Gittar, Archilut. Robbert Vermeulen, Theorb. Syavash Rastani, Perkussioun. Lionel Ménard, Regie. Lutz Wilfert, Zeenografie. Mélanie Planchard, Kostümer. Pascal Laajili, Luucht. Ian De Toffoli, Text.
Eng Produktioun vun der Philharmonie Luxembourg.
Empfehlungen