Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
14:30
16:00
Tarife
12€ Normaltarif
6€ Jugendtarif
1.50€ Kulturpass
Publikum
3 - 6 Jahre
Sprache
Luxemburgisch

Eng Geschicht iwwert de Klang vu Gefiller, Faarwen a Frëndschaft


Déi rout Faarf vermëscht sech mat der gieler, dat Blot geet an dat Gréngt iwwer. Schwaarz Faarwewolleken tierme sech op an danze mam rosaen Niwwel. D’Faarwemonster ass doruechter. Seng Faarwe si komplett duercherneegeroden! Dat mécht et rosen! Nee, traureg… Oder fäertereg? Seng Frëndin, d’Esmeralda, wëll him beim Sortéieren hëllefen… Wéi fillen ech mech? Wéi kann ech meng Gefiller ausdrécken? Fräi nom Buch vum Anna Llenas hunn d’Jenny Spielmann an d’Catherine Hengesch eng Klang-Erzielung inzenéiert, déi de Kanner spilleresch a musikalesch d’Welt vun den Emotioune méi no bréngt. Dobäi hëllefen de Kanner net nëmmen déi verschidde Faarwen, hir Gefiller ze verstoen an ze identifizéieren. Mee si entdecken och mat Hëllef vun der Musek (ënner anerem mat Stécker vum Pharell Williams, Antonio Vivaldi oder Edvard Grieg), wéi ënnerschiddlech Kläng a Melodië bei eis verschidde Stëmmungen ausléisen an datt all Gefill seng Plaz verdéngt huet.

Jenny Spielmann, Catherine Hengesch, Konzeptioun, Spill. Frin Wolter, Akkordeon. Nathalie Ludwig, Klarinett. Unna Nousiainen, Braatsch. Anik Schwall, Cello. Claude Kraus, musikalesch Arrangementer.
Empfehlungen