Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
17:00
Tarife
21€ Normaltarif
10,50€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
Dauer
+/- 1h20 (Ohne Pause)
Sprache
Luxemburgisch

ENG DIVA ERËNNERT SECH. ENG PERSIFLAGE OP D’STARALLÜREN AN DER ZEEN

No Croque Mëssiö (2009) an Autopsy (2019) presentéiert d’Michèle Turpel, alias Mi Tu (net ze verwiessele mat Me Too), säin drëtte Soloprogramm Mämmories, geschriwwen an inzenéiert vum Jemp Schuster. D’Musek fir dës Show huet d’Claire Parsons komponéiert. D’Affiche kënnt aus der Fieder vum Meluma. Wat gëtt een net alles gewuer, wann eng Fra, déi op alle grousse Büne vun der Welt performt huet - dat behaapt se emol -, hir Schminkkëscht opmécht an ufänkt ze poteren. Am Scheinwerferliicht glënnert a blénkt alles, mee hannert de Kulisse gesinn och déi gréisste Staren a Stärercher blatzeg aus. Firwat gëtt eng Artistin zu New York, London, Berlin oder Paräis zur Diva an heiheem kennt kee se? Kann een net och zu Lëtzebuerg weltberüümt ginn? Mir ginn de Risiko an. Mämmories ass Showbiz am Stil vum magesche Realismus.

Michèle Turpel, Spill. Jemp Schuster, Text, Regie. Claire Parsons, Musek.
Empfehlungen