Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
20:00
Tarife
21€ Normaltarif
10,50€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
Dauer
+/- 1h10 (Ohne Pause)
Sprache
Luxemburgisch

E SATIRESCHE RÉCKBLÉCK OP 2024 VUM ROLL GELHAUSEN

Mir hunn eng nei Regierung!

Nei Bieseme kiere besser, soe se.

Eis Stad muss nees propper ginn.

Mä och déi nei Bieseme bleiwe lénks a riets hänken. Un den Trottoiren a Bordüre vun de logeschen Iwwerleeungen an de juristeschen Interpretatiounen.

Fir de Rescht gëtt et awer och vläicht nach e puer wichteg Themen.

Et stellt sech z. B. d’Fro: Wéi eng Rekorder knacke mer 2024.

Beim Overshoot Day hu mer eis scho mol verschlechtert. Amplaz de 14. Februar 2023 hu mer dëst Joer eréischt den 20. Februar sämtlech Ressourcë vun eiser Äerd verbraucht.

A neen, ...dat ass jo eng Verbesserung. Awer natierlech keng, fir sech op d’Schëlleren ze klappen. Do ass éischter nees eng an d’Akaul verdéngt.

Da kucke mer lo mol, ob mer den Hëtztrekord uechter d’Welt op iwwer 60 Grad gehuewen an d’Unzuel vun den Iwwerschwemmungen nach e bëssche gesteigert kréien.

Ech sinn awer och gespaant, wou mer déi 2 Millioune Leit placéieren, déi mer deemnächst brauchen, fir eis Pensiounen ze bezuelen.

An et ass och nees e Waljoer!

Dat gëtt richteg spannend ...dat Joer 2024!

Roll Gelhausen, Auteur a Spill.
Organiséiert an Zesummenaarbecht mat der ASBL Ettelbrécker Theater Frënn am Kader vun hirem 50. Anniversaire.
Empfehlungen
Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet
Independant Little Lies (ILL)
CABARET