D’Oper L’Enfant et les sortilèges vum Ravel erzielt d’Geschicht vun engem Kand, dat an enger Roserei Déieren an Objeten zerstéiert. Op eemol ginn déi Saachen all lieweg a weisen him, wéi schlecht säi Verhalen ass. Wéi d’Kand engem verwonnte Kaweechelchen hëlleft, kënnt säi Matgefill zum Virschäin. D’Wiese verzeien him a feieren d’Versönung mat engem Lidd iwwer Frëndschaft a Mënschlechkeet.