Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
Publikum
3 -103 JAHRE
Sprache
Ohne Worte

C. So, do ass eng Ausstellung am CAPE zu Ettelbréck, e Vernissage vun enger
Lëtzebuerger Kënschtlerin, dem Tessy Bauer.

R. Bis erop ob Ettelbréck? Wat solle mir dann do?
C. Papperlapapp e bëssche Konscht huet nach ni engem geschuet. Du weess jo
guer net, wat dech erwaart.

Ech si virwëtzeg gi bei der Foto am Programm. Et ass eng giel Nues mat
Lametta ronderëm.

R. Eng giel Nues, wat soll dat dann heeschen? Ass si allergesch ob Lametta?
C. Banaus.
R. Ech weess net, ewéi een ob esou Iddie kennt. Wat mécht si dann nach esou?
C. Dat Ganzt ass nawell zimmlech faarweg. Bon, bei enger Aarbecht war et mir
dunn elle ginn.
An zwar danzt si mat engem Poulet aus rosa’em Stoff. Et nennt sech Poulet
aux orties.

R. Grujeleg. Nee, wierklech Colette, do kommen ech elo awer sécher net mat.
Mir beginn eis jo net a Liewensgefor.

Ee Gespréich tëscht dem Colette an dem Renée, zwee Hénger aus der Stad.



Empfehlungen