Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
14:30
16:30
Tarife
12€ Normaltarif
6€ Jugendtarif
1.50€ Kulturpass
Dauer
+/- 50 min (Ohne Pause)
Publikum
1 - 4 JAHRE
Sprache
Ohne Worte

Stellt iech e Museker vir mat enger Sammlung vun Erfindungen: ferngesteiert Instrumenter, déi nëmme Musek spillen, wann de Knäppche gedréckt gëtt. Stellt iech elo och en Dänzer vir, dee muss waarde bis een de Knäppchen dréckt. Hie kann nämlech nëmmen danzen, wann d'Musek ufänkt ze spillen. Stellt iech elo d'Kanner vir, virun deenen eng Konsol mat grousse faarwege Knäppercher placéiert ass: et ass dach onméiglech ze widderstoen do dropzedrécken! Wat fir eng Freed, all déi verschidden Tasten ze testen an domat déi Erwuessen ze kontrolléieren. ImpulZ ass en interaktiven a spillereschen Danzspektakel, wou déi Allerklengsten d’Kontroll iwwer d'Musek an d’Choreografie iwwerhuelen an esou bei all Optrëtt hiert eegent eenzegaartegt Stéck kreéieren.

Anke Zijlstra, Inzenéierung, Choreografie, Konzeptioun. Youri Van Uffelen, akusteschen Opbau, musikalesch Interpretatioun, Dekor. Romeo Lothy Bampende ou Hernán Mancebo Martínez, Danz. Youri Van Uffelen, Kris Delacourt, Opbau vun den elektroneschen Ekipementer. Karel Van Ransbeeck, Thomas Eisenhardt, Artistesche Coaching. Lies Maréchal, Kreatioun vun de Kostümer. Atelier Récup, Wim Van de Vyver, Konstruktioun vum Dekor.
Eng Produktioun vum Theater De Spiegel a Koproduktioun mat Perpodium mat der Ënnerstëtzung vun Tax Shelter Belgique.
Empfehlungen