D’Konferenzrei „Film, Natur a Gesellschaft“ riicht sech u jiddereen, deen u Filmer a Serien interesséiert ass. Kino- a Fernseeproduktioune sinn ni wäertfräi oder politesch neutral: Si reflektéieren déi Zäit, an där se entstane sinn, a vermëttelen dacks méi oder manner oppe bestëmmte politesch Messagen oder Positiounen. Am Fokus vun dëser neier Virliesungsrei steet d‘Relatioun tëschent dem Kino an der Natur — ob Documentaire, Spillfilm, Serie oder Experimentalfilm, de Kino huet säit jeehier eng zentral Roll dora gespillt, fir d’Natur- an Déierewelt entweeder selwer an Zeen ze setzen, oder der Mënschheet hir Bezéiung dozou ze reflektéieren an ze hannerfroen. Unhand vu sëllege Filmausschnëtter setzen sech d’Conferencieren a Conferencièrë kritesch mat Inhalt a Form vun dëse Filmproduktiounen auserneen a beliichten hire politeschen, historeschen a sozialen Entsteeungskontext souwéi hire filmgeschichtlechen a sozialen Impakt.
MÉINDEG 21. OKTOBER
FILM, NATUR A GESELLSCHAFT SURVIVAL OF THE FITTEST ? – DÉIEREFILMER VUN 1897 BIS HAUT | VIVIANE THILL
MÉINDEG 11. NOVEMBER
ANIMAL REVENGE CINEMA – DEI MONSTRÉIS SÄIT VUN NATUR AN DÉIER | YVES STEICHEN
MÉINDEG 16. DEZEMBER
DYSTOPIEN AN HOFFNUNGSSCHIMMER ? – EKOSYSTEMER AM FILM | STEVE HOEGENER & GILLES NOWIKOW
MÉINDEG 20. JANUAR
VU LIICHTTIERM, NIWWEL A MARITIMMEM FOLKLOR – SEASIDE & COASTAL HORROR CINEMA | YVES STEICHEN
MÉINDEG 24. FEBRUAR
LOST IN NATURE – D’KONFRONTATIOUN TËSCHENT ZIVILISATIOUN AN NATUR | VIVIANE THILL
MÉINDEG 17. MÄERZ
D‘VERHÄLTNIS TËSCHENT MËNSCH AN NATUR AM FILM – ENG PHILOSOPHESCH APPROCHE | GILLES NOWIKOW
MÉINDEG 28. ABRËLL
“AT WHAT POINT DO WE ESCALATE?“ – EKOTERRORISMUS AM FILM | VIVIANE THILL
MÉINDEG 19. MEE
INVENTING WORLDS – IMAGINÄR WELTEN AM FANTASY- A SCIENCE-FICTION-KINO | YVES STEICHEN
Traduction française sur demande au plus tard 7 jours avant la date de la conférence.
Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Centre national de l‘audiovisuel (CNA) an dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB).