Am Ufank war d'Welt onberéiert, fräi vun Ängscht a Suergen. Mat zwee Dänzer: innen, enger Musekerin an ongewéinlechen Instrumenter invitéiert d'hollännesch Compagnie De Stilte op eng wonnerbar Rees an eng ursprénglech Welt ouni Wierder, wou all Beréierung de Start vun engem neien Abenteuer ass, an de Virwëtz mat spannenden Entdeckunge belount gëtt. D'Performance reflektéiert d'Onbefaangenheet vun de klenge Kanner, déi mat oppenem Geescht a voller Bewonnerung hir Ëmgéigend entdecken.