Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
10:00
14:30
16:00
Tarife
12€ Normaltarif
6€ Jugendtarif
1.50€ Kulturpass
Dauer
+/- 40 min (Ohne Pause)
Publikum
3 - 7 JAHRE
Sprache
Ohne Worte

Claricello, dat ass eng kleng Musekskëscht mat engem poetesche Mechanismus, dee ganz douce a fäin vun dräi Zwerge verkierpert gëtt. Déi wonnerbar Welt, an déi de Clari, Cello a Leopold, déi dräi musikalesch Zwerge, dat jonkt Publikum féieren, ass fantasievoll a burlesk. Klassesch Musek trëfft hei op Danz, Kierpersprooch a clownesk Elementer. Ob en elo déi éischte Kéier mat Sträich- a Blosinstrumenter a Kontakt ass oder se erëm erkennt, jiddereen huet eppes ze entdecken. Schlussendlech ass kloer, datt et bal näischt gëtt, wat net duerch Kläng a Beweegunge gesot oder verzielt ka ginn.

Alain Reynaud, Inszenéierung an artistesch Directioun. Clara Trotabas, Regiassistenz. Fabrice Bihan, Violoncello. Louise Marcillat, Klarinett. Isabelle Quinette, Danz a Gesang. Nathalie Leroy, Regie. Léa Emonet, Kostümer. Gilles Richard, Luucht. Gilles Drouhard, Yann Guénard, Dekoratioun.
Eng Produktioun vun la Philharmonie Luxembourg a Les Nouveaux Nez & Cie, a Koproduktioun mamm Festival Les Elancées - Scènes et Cinés - scène conventionnée Art en Territoire.
Empfehlungen