(Ce texte n’est pas disponible en version française)
Säitdeem d’Isa mat senger Mamm geplënnert ass, geet him alles ferme op d’Nerven. Et fënnt kee wierklechen Uschloss a souwéisou ass a sengen Aen alles sënnlos. Déi Welt, an déi d’Isa geworf ginn ass, gefält him net, an déi Zukunft, déi déi Erwuessen him verspriechen, wëll et net. Dowéinst entscheet hatt, einfach alles ze veränneren. Am Plaz ze maache, wat alleguer mengen, wat ee maache muss, mécht hatt sech op d’Sich no der eegener Stëmm. Lues awer sécher mierkt et, dass et ëmmer nëmme funktionéiert huet, ouni ze wësse firwat. Vun elo u wëll d’Isa säi Wee goen. Mä ganz esou einfach ass dat eben net, scho guer net, wann een sech dann dach net komplett isoléiere kann a kucke muss, mat all deenen aneren ze liewen, ouni sech zu verstellen. Mat dir! ass ee Klassenzëmmerstéck fir Jonker ab 14 Joer mat Live-Musek. Ouni Distanz gëtt hei d’Realitéit vu jonke Mënschen thematiséiert, déi an enger oniwwersiichtlecher Welt no Orientéierung an hirem eegene Wee sichen.
"Fir jonk Leit ze schreiwen an ze inzenéieren ass a mengen Ae mat enger grousser Verantwortung verbonnen. Wann ech fir ee sougenannten erwuessene Publikum schreiwen, droen ech selbstverständlech och eng Verantwortung. Mä bei jonke Leit ass et jo dacks esou, dass si sech an aller Reegel net wierklech selwer eraussiche kënnen, ob si ee Stéck kucke ginn oder net. An dësem Fall ass et nach eng Kéier méi besonnesch, well mir direkt an de Klassesall ginn. Mir spillen am Raum vun de jonke Leit an et ass dovun auszegoen, dass jo aner Persounen entscheet hunn, dass mir zu Gaascht sinn. An domat ass nach ee wichtegt Stéchwuert gefall: Eis Spectateure verloossen net fir ë puer Stonnen hier alldeeglech Realitéit a ginn an een Theater, fir do mat enger fiktiver Welt konfrontéiert ze ginn, déi gläichzäiteg déi real Welt behandelt. An dësem Fall si mir an hirem Raum, dee mir probéieren ze transforméieren, fir mat hinnen an eng Aart Dialog iwwert hier Realitéit vum Liewen ze goen, déi op der anerer Säit nëmme bedéngt der Liewensrealitéit vun ons Kënschtler*innen entsprécht. An zu gudder Lescht bedeit déi Situatioun eben och, dass d’Schauspillerin an de Museker ganz no um Publikum sinn. Eng véiert Wand gëtt et hei souwéisou scho laang net méi, bei engem Klassenzëmmerstéck kann sech also kee verstoppen. All Reaktioun ass op deenen zwou Säiten zimmlech direkt.
Dat kann alles schonn een zimmlech dënnt Äis sinn op dem mir eis befannen. An well et esou schéin ass, kënnt dann nach meng Aart ze schreiwen dobäi. Am Kanner- a Jugendtheaterberäich gëtt vill diskutéiert, ewéi ee fir jonk Leit schreiwe soll. Allgemeng gëtt dobäi den didakteschen a pädagogeschen Aspekt thematiséiert. Ech perséinlech fannen, dass een Theatererliefnes eis ëmmer ëm eng nei Perspektiv beräichere soll, respektiv ons politesch a sozial Realitéit mat de Mëttele vun der Konscht reflektéiert. Et géing mir allerdéngs opstoussen, wa mir vun der Bün erof erkläert gëtt, wat ech maache kéint oder maache misst, fir dass sech eppes changéiert. Déi Conclusioun soll mir wann ech gelift selwer iwwerlooss ginn. An esou gesinn ech dat och bei Texter fir ee jugendleche Publikum – bei Kanner verhält et sech e bëssen anescht, awer am Prinzip ass et iergendwéi trotzdeem esou. Op alle Fall probéieren ech eben elo an dësem Fall ee Stéck ze schreiwen, wat net moralesch oder beléierend dohier kënnt – ween wär ech dann, et besser ze wëssen, ewéi all déi aner?! Ech probéieren éischter mat menger Aarbecht ee Raum fir eng gemeinsam Erfarung ze erschafen. Et ass de Versuch, eng vermeintlech individuell Erfarung als eng kollektiv ze erliewen an domat eng Méiglechkeet ze schafen, sech manner aleng ze fillen, respektiv mat sengem Ëmfeld an een Dialog ze trieden. An dat ass de Moment, wou d’Kënschtler*inne fort sinn an déi eigentlech Konscht réischt ufänkt."
– Olivier Garofalo, Auteur a Regisseur
Virstellungsméiglechkeeten am Klassesall: 26.01 | 28.01 | 29.01 | 30.01 | 02.02 | 04.02| 05.02 | 06.02 | 09.02 | 11.02 | 12.02 | 13.02.26
Umeldung: scolaires@cape.lu