Am Märche vun der Hollefra, begéine mir dem fläissege Marie an dem lidderege Lisy. Eent nom anere kommen déi zwee an d’Welt vun der Hollefra. Si ass verantwortlech fir d’Wieder op der Welt. D’Hollefra weess vill a si fënnt séier eraus wee léif an éierlech ass. Si léisst sech net uschmieren. Wann d’Meedercher heem ginn kritt jiddereent genee dee Loun deen et verdéingt.
D’Ettelbrécker Guiden spillen ee spannend Märchen iwwer gerëselte Schnéi, Gold, Pech a villes méi… fir Kanner vu 4 Joer un. Kommt Iech d’Geschicht vun der Hollefra ukucken.