Verwendung von Cookies

Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.

Akrobatik bedeit Kierperkontroll, Spaass, Mut a vill Vertrauen a säi Kierper, awer och an déi aner Kanner an der Grupp. Am Trampolin-Workshop mam Duo Aramelo gëtt op spilleresch Aart a Weis geléiert, iwwer säin eegene Schied ze sprangen – a mat him ze danzen. Hannert Aramelo stiechen den däitschen Artist Ole an d’Lëtzebuerger Artistin Mara. D’Mara huet den Zirkus am Alter vun 13 Joer iwwer d’Jugendzirkusschoul Zaltimbanq zu Lëtzebuerg entdeckt. Den Ole war schonn als sechs Joer aalt Kand Deel vun engem professionellen Trampolin-Team zu Bielefeld. Kennegeléiert hu si sech op der Zirkusschoul zu Barcelona. Duerno hu si sech op d’Disziplin Partner-Trampolin spezialiséiert an duerch vill Experimentéieren eegen Tricke mat Elementer aus der Partnerakrobatik an Trampolintechnik entwéckelt.

Mara Daro, Ole Schöne, Intervenanten.
Tarife
6€ Schultarif
Publikum
6 - 12 JAHRE
Sprache
Luxemburgisch