Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
19:00
Tarife
26€ Normaltarif
13€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
Dauer
+/- 1h50 (Pause inbegriffen)
Sprache
Luxemburgisch

No ...an nach ee schéinen Dag vun 2022 hu The Horse Blinders nees zougeschloen! Raufaser heescht hiert neit Wierk, dat si zu Ettelbréck am CAPE virstellen. Ass et fir ee Stéck säftege Blues, e schaarfe Rock'n'Roll, eng gutt ofgehaange Ballad oder och ee frëschen a liichte Maufel Popmusek? D’Horse Blinders hunn dat alles am Programm, an nach vill méi! Wëllt dir zwou Stonnen duerchdanzen an iech gutt ameséieren? Näischt méi einfach wéi dat! Wëllt dir iech interessant an onerwaart Arrangementer schmaache loossen? Bei den Horse Blinders sidd der richteg! Wëllt dir lëtzebuergesch Texter mat enger gudder Portioun Witz, vill Humor an enger ganzer Rëtsch Wouerechten aus der spatzer Fieder vum Roland Meyer genéissen? Da kommt onbedéngt bei The Horse Blinders a loosst iech zerwéieren. The Horse Blinders kache beileiwe keng Waasserzëppchen, mee ee perfekten 3-Stäre-Menu, dee keng Wënsch opléisst, mat Hits wéi Hierken oder Mettwurscht, D’Buurschter Plage, Iwwert d’Huttschnouer a Komm sich däi Krëppeng. An all déi, déi es net genuch kréien, kënnen deen neien CD Raufaser am Doggybag mat heem huelen!

Roger Melcher, Gesank, Harmonika. Roland Meyer, Gittar, Gesank. Jake Bock, Batterie. Ronald Mullenders, Bassgei, Gesank. Mulles Scholtes, Gittar.
Empfehlungen
Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet
Independant Little Lies (ILL)
CABARET