Verwendung von Cookies

Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
17:00
Tarife
Gratis
Dauer
+/- 1h30 (Ohne Pause)
Sprache
Luxemburgisch

An Zesummenaarbecht mat der ErwuesseBildung gëtt op eng Debat invitéiert, déi sech d’Fro stellt, wat Konscht ass, wéi eng Roll se an eiser Gesellschaft anhëlt a wat fir eng Funktiounen se erfëlle soll. Wat versti mir ënner Konscht, a wéi wäit ass si haut an eiser Gesellschaft fäeg, d’Rolle vun enger sozialkritescher Spillsaach ze iwwerhuelen?

Et gëtt vill Blabla ëm dat, wat Konscht ass, wéi eng Roll se an eiser Gesellschaft anhëlt a wat fir eng Funktiounen se erfëlle soll. Am Idealfall kann d’Konscht eppes ausdrécken, wat iwwert aner Kanäl net auszedrécken ass. Si ka beréieren, iwwerraschen, ofschrecken, begeeschteren, langweilen, sozialkritesch sinn … — sou wäit sou gutt, zumindest an der Theorie. Oder ass dat a Wierklechkeet alles just waarm Loft?

D’Ausstellungsraim bleiwen oft steril a suggeréieren eng Distanz. Kritesch Froen a Bemierkunge sinn hei net ubruecht. Dës Grenze solle mat dësem Format briechen: Hei däerf een sech trauen ze denken an ze äusseren, wat ee soss just sengem Kolleeg um Heemwee vun enger Expo seet.


Dës Kéier mat den zwee Kënschtler Gérard Claude a Laurent Turping.

Méi Infoen >> https://ewb.lu/event/konscht-wat-soll-dat-4/

An Zesummenaarbecht mat der ErwuesseBildung
Empfehlungen