Ëmmer am Stress: Schoul, Tester, Training, Prouf,…keng Zäit fir ze chillen.
Wat wier dat flott einfach relax am Bett ze leien a just brauchen z’iessen!
Am Schlaraffeland ass dat méiglich! Mee ëmmer nëmmen iessen a schlofen an iessen a schlofen…dat ass och Stress! Wou bleift dann do de Spaass, d’Action, d’Ofwiesslung?
Loosst iech vun den Ettelbrécker Schoulkanner aus dem C 4.1 iwwerraschen.
D’Kanner vun der Ettelbrécker Grondschoul preparéieren och dëst Joer nees ee flotte Spektakel fir déi grouss Bün vum CAPE. An dësem Kader hunn di jonk Talenter eng Méiglechkeet kreativ ze sinn, an duerch d‘Aarbecht an der Grupp hir sproochlech a musikalesch Kompetenzen weider ze entwéckelen. Et gëtt gesonge, gedanzt an Theater gespillt.
E Musical op d’Been gesat vun der Ettelbrécker Grondschoul
Réservations & prévente à partir d’avril 2024
Billetterie du CAPE : 2681 2681 (billets individuels)
Réservations séances scolaires : scolaires@cape.lu