Verwendung von Cookies

Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
20:00
Tarife
31€ Normaltarif
15,50€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
Dauer
+/- 1h10 (Ohne Pause)
Sprache
Luxemburgisch

EE KAPPSPRONG AN D'LËTZEBUERGESCH MUSEKSGESCHICHT


Gutt honnert Joer, nodeems der Komponistin Lou Koster hiren eenzege Musekstheater 1922 uropgefouert gouf, ass An der Schwemm an enger adaptéierter Versioun ze gesinn. Fir d'Operette huet deemools de Schrëftsteller a Journalist Batty Weber d'Libretto op Lëtzebuergesch geschriwwen. Erzielt gëtt d'Geschicht vun der selbstbewosster Schwëmmerin Lory, déi sech géint d'Avancë vum Fonctionnaire Zengerlé zur Wier setzt. Verkuckt huet hatt sech an de scheien Zaldot a Schwammmeeschter Reddy. D'Schwemm gëtt an dësem mol monteren, mol kriteschen Zenario zum Schmelzdigel vum gesellschaftleche Liewe vun den 1920 Joren. D'Bün gehéiert dobäi ganz der Haaptfigur, déi d'Fräiheet fir sech reklaméiert. Fir dës Opféierung huet d'Komponistin Tatsiana Zelianko zwou kuerz Zeene kreéiert. An de Rol Gelhausen, bekannt uechtert d'Land als Auteur a Kabarettist, huet sengersäits ee kuerzt Libretto geschriwwen. Mat engem Gespier fir d'Stëmmung vum Original féiert hien d'Geschicht aus der Vergaangenheet an eis Géigewaart an entlackelt hir ganz eege Pointen.


Aféierung an d'Wierk mam Jonathan Kaell um 19:15 (Samschden) a 16:15 (Sonnden).

Jonathan Kaell, Musikalesch Leedung. Marion Rothhaar, Inszenéierung. Batty Weber, Roland Gelhausen, Libretto. Lou Koster, Tatsiana Zelianko, Musek. Peggy Wurth, Bünebild a Kostümer. Jacques Schiltz, Oeil Extérieur. Gianfranco Celestino, choreographesch Begleedung. Steve Demuth, Luucht. Laetitia Lang, Regieassistenz. Joël Seiller, Valentina Becker, Coiffure a Maquillage . Carine Rando, Nina Ceglarski, Habilleuse. Christophe Bornet (baryton), Loïc Schlentz (ténor), Valérie Stammet (soprano), Gesang. Luc Lamesch, Misch Gessner, Schauspill. Chœur de l'INECC Luxembourg, musikalesch Begleedung. Julien Ardouin, Julie Colin, Cipriano De Guzman Jr., Mària Devitsaki, Sandrine Garçon, Marie Mathieu, Henrik Mazur, Amandine Moutier, Michèle Turpel, Chouer. Orchestre de Chambre du Luxembourg, musikalesch Begleedung. Thomas Layes (piano), Isabel Van Grysperre (Premier violon), Maria Kulowska (violoncelle), Patricio Banda Caviedes (contrebasse), Emma Landarrabilco (flûte), Malou Garofalo (clarinette), Philippe Neumann (trompette), Christopher Hastings (percussions), Orchester.
Eng Produktion vun Opera mobile a Koproduktioun mam Escher Theater, CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Festival Wiltz, INECC Luxembourg a MASKéNADA. Mat Ënnerstëtzung vun: Ministère de la Culture, Fondation Indépendance a SACEM Luxembourg. A Kollaboratioun mat: CID Fraen an Gender, Sequenda asbl an CNA - Centre National de l’Audiovisuel.
Empfehlungen