Déi kleng Hex ass mat hiren 127 Joer eigentlech nach vill ze jonk fir mat de groussen Hexen op de schwaarzen Hiwwel danzen ze goen. Mee dat ass hir egal. Si schläicht sech heemlech dohin, gëtt vun de groussen Hexen erwëscht a muss lo beweisen, datt och si eng gutt Hex ass. D’Ettelbrécker Guiden spillen eng spannend a witzeg Geschicht iwwer Hexen, Zauberbicher, Frëndschaft a villes méi… fir Kanner vu 4 Joer un.