Verwendung von Cookies

Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
19:00
Tarife
26€ Normaltarif
13€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
Dauer
+/- 2h00 (Pause inbegriffen)
Sprache
Luxemburgisch

Fir den 200. Gebuertsdag vum Hexemeeschter Edmond ‚Dicks‘ de la Fontaine

Fir den 200. Gebuertsdag vum Hexemeeschter Edmond ‚Dicks‘ de la Fontaine hunn d’Jangen eng Rei vu sengen ‚Éiweggrénger‘ vun den Arrangeuren Ivan Boumans, Valérie Knabe, Jean-Marie Kieffer, Claude Kraus, Jean-Paul Majerus a Georges Urwald fir hire Gesanksstil arrangéiere gelooss. Nieft däers elei an däers elo bréngen d’Jangen och eng Auswiel vun anere bekannte Lëtzebuerger Klassiker op d’Bün. D’Cojellico’s Jangen, dat si sechs befrënnte Museker, déi sech zesumme gestallt hunn, fir am Mäerz 2011 am Stued Theater zu Gréiwemaacher original Arrangementer vun de legendäre Comedian Harmonists ze interpretéieren. Et entsteet en neit Format, fir bekannten a manner bekannte Lëtzebuerger Lidder aus der 1. Hallschent vum 20. Joerhonnert ze presentéieren, am Sound an am Look vun de Comedian Harmonists. Säitdeem hunn d‘Jangen ronn 120 Concerte gesongen an et sinn 4 Alben erauskomm. D’Joer 2023 markéiert d’Jangen op eng besonnesch batter Manéier: si verléieren Ufank Mäerz no laanger Krankheet hire Bassist an Arrangeur Jean-Marie Kieffer. Déi gemeinsam gesonge Lidder sinn a bleiwe Peng an Trouscht zugläich. Esou kritt och den Titel vum neien Album Dat elei an dat elo eng nei Bedeitung: et gi Situatiounen am Liewen, wou mer eis net entscheede kënnen oder sollen. Trauer a Freed, Leed a Gléck dierfen nieftenaner existéieren.

Raymond Majerus, Arend Herold, Georges Urwald, Tenouer. Carlo Migy, Paul Lallemand, Bass. Christophe Nanquette, Klawéier. Yvon Streff, Gaascht.
Empfehlungen