Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
20:00
Tarife
26€ Normaltarif
13€ Jugendtarif
1.50€ Kulturpass
Dauer
+/- 2h50 (Pause inbegriffen)
Sprache
Luxemburgisch

E Stéck aus der Lëtzebuerger Nuecht

Et ass Krich. Oder Kris. Op alle Fall gëtt et Problemer zu Lëtzebuerg. D’Situatioun huet sech esou zougespëtzt, dass e puer komesch Leit sech an een alen, liicht delabréierte Café, de Café Terminus, zréckgezunn hunn, aus Angscht virum Dobaussen, aus Angscht virun der Zukunft. Am Café Terminus setzen, kann ee bal soen hausen allerhand Leit, Leit vum Bord vun der Gesellschaft, ratéiert Existenzen, verzweifelt vläicht, awer dach voller grotesker Hoffnung op ee „Muer“, dat besser soll ginn. Dës Figuren si wéi e Spigelbild vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, all Schichten si vertrueden an d’Sproochen, déi si schwätzen, sinn déi, déi an eisem Land geschwat ginn. Si liewen an hiren Dreem an hiren Illusiounen, diskutéieren, debattéieren, streiden, feieren a laachen. An drénken méi, wéi erlaabt ass. D’Lidder, déi si sangen, an iwwerhat d’Musék sinn e wëllkommne Wee, mat der béiser Realitéi eens ze ginn. Dës kleng, protegéiert Welt kënnt op deem Dag un d’Wackelen, wou den Hary, Patron vum Bistro, säi 60. Gebuertsdag feiert. Alles ass op eemol anescht, de Krich oder d’Kris, déi bis elo jüst dobausse waren, brieche mat vollem Karacho an de Café Terminus eran... Mat Café Terminus entwerft de Frank Hoffmann eng poetesch Dystopie vun eisem Land. Den Text, deen hie mam Florian Hirsch zesummegestallt huet, verschafft op eng fräi Manéier Motiver aus dem Stéck The Iceman Cometh vum amerikaneschen Dramatiker Eugene O’Neill. Café Terminus, e Stéck aus der Lëtzebuerger Nuecht, ass mat wonnerbare Schauspiller a Muséker besat, déi een alleguer an de läschte Joeren op Lëtzebuerger Bühnen erliewe konnt.

Frank Hoffmann, Regie, Text. Florian Hirsch, Text. Jacques Schiltz, Pauline Cano, Assistenz. Jasna Bosnjak, Bün a Kostümmer. Felix Adams, Marc Baum, François Camus, Esther Gaspart-Michels, Maria Gräfe, Nora Koenig, Hana Sofia Lopes, Marco Lorenzini, René Nuss, Adrien Papritz, Philippe Thelen, Serge Tonnar, Spill.
Eng Produktioun vum Théâtre National du Luxembourg a Koproduktioun mam CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck.
Empfehlungen