„Ee gudde Concertsmotto an dësen onsécheren Zäiten: Kuck ëmmer op déi hell Säit vum Liewen! Schéin a wënschenswäert wier et, esou dee ganze mënschegemaachte Schmorri auszeknipsen, vläicht esouguer inexistent ze maachen. Mä wouvun dreemen ech nuets?!? Wéi all Joer hëlt d’LYRA Ettelbréck Iech mat op d‘Zäitrees, zréck an Är Jugend. Mir sangen Iech ee Bouquet vu schéinste Schlageren aus fréiere Programmen, déi dem Pianist an dem Dirigent besonnesch un d’Häerz gewuess sinn. Eng Aart Best of also. Freet Iech op een ofwiesslungsräiche Programm mat bekannten a beléifte Melodien an Texter, gespickt mat en etleche Soloan Instrumentaleinlagen. Reservéiert séier Är Plazen a loosst Iech net erofzéien! Kuckt op déi hell Säit vum Liewen!” - Marion Michels