(Ce texte n’est pas disponible en version française)
Kenns du d’Gebai vum CAPE? Du bass vläit schonn e puer mol doduerch gaangen, awer hues du och opgepasst, wat fir eng Formen d’Maueren hunn, oder wou ee vum Stack driwwer erop ka kucken? De CAPE huet vill flott Ecker. An dësem Workshop erfuerscht dir zesumme mam Annick Pütz (Danz, Beweegung) a mam Jean Beurlet (Theater, Sprooch) d’Gebai op eng ganz aner Aart a Weis, mat ärem Kierper, äre Beweegungen an ärer Stëmm. Jidderee ka matmaachen, keng Virkenntnesser sinn néideg.
Et geet drëm eng spilleresch an ästhetesch Erfarung ze maachen: Wéi verännert sech de Raum, wann sech 1, 2 oder 3 Persounen oder Kanner doranner beweegen. Dir verschwannt hannert enger Mauer, an daucht duerno onerwaart erëm op. Dir maacht Kläng mat der Stëmm, sou datt een iech héiert, awer net gesäit. Mat ärer Präsenz verännert sech d’Gebai, an d’Architektur gëtt lieweg.
De Workshop fänkt mat klenge Beweegungsspiller an Otemübungen un, fir de Kierper an d‘Sënner erwächen ze loossen. Duerno beweegt dir iech zesummen duerch verschidde Raim vum CAPE, vum Foyer bis an d’Trapenhaiser, vläicht och an de Keller oder de Lift. D’Annick an de Jean ginn Impulser a kleng Opträg, fir déi verschidde Raim mat der Stëmm a mat dem Kierper ze erfuerschen, a flott Iddien ze sammelen. Mir kucken eis géigesäiteg no, a loosse kleng Zeenen entstoen .Et gëtt keng fix Choreographie, alles entsteet aus dem Moment eraus.
De Workshop hält mat engem kuerze gemeinsamen Austausch op.
De Workshop riicht sech un all déi, déi Loscht hunn, de CAPE an d’Architektur duerch de Kierper ze entdecken,
• un Erwuessener a Jonker (ab 10 Joer), déi gären nei Forme vu Beweegung erliewen wëllen,
• u Leit, déi sech fir Theater, Danz oder Performance interesséieren,
• u Studente vun Theater- oder Konschtwëssenschaften,
• un Theaterpädagog:innen oder Léierpersounen, déi mat Beweegung schaffen,
• an u jiddereen, deen einfach virwëtzeg genuch ass, fir eppes Neies ze probéieren.
Mindestanzahl : 6 Personen (Anmeldung bis zum 26.11.25)