Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
Tarife
12€ Normaltarif
6€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
6€ Schultarif
Dauer
+/- 35 min (Ohne Pause)
Publikum
2 - 5 JAHRE
Sprache
Ohne Worte

Eng Platz, déi eng Butteksfënster kéint sinn, gëtt vun zwee Personnagen zu enger Bün verwandelt. Tëscht hinnen entwéckelt sech eng Relatioun, déi keng Sproch brauch: mat Mimik a Gestik erziele si sech an hirem Publikum Geschichten. Beim Undoe vun de Mannequine mierken déi verspillten Acteuren, datt si och duerch dës mateneen interagéiere kënnen. D’Publikum ass fräi d’Situatiounen, déi op der Bün entstinn, ze interpretéieren an hinnen eng perséinlech Bedeitung ze ginn. Déi nei Produktioun vun der italienescher Compagnie La Baracca wëll de Kanner eng Iddi vu Famill verzielen, déi zu Reflexiounen a Froen ureegt, ouni awer eng einfach Äntwert mat ze liwweren: Wat ass eng Famill? Wien ass eng Famill? Ass eng Famill ëmmer mat Kanner? Huet eng Famill eng Mamm an e Papp? Muss eng Famill op der selwechter Plaz liewen? Kann e Member vun enger Famill en Deel si vun enger anerer Famill?

Andrea Buzzetti, Inszenéierung, Spill. Lorenzo Monti , Spill. Enrico Montalbani, Carlotta Zini , Asisstenz bei der Inszenéierung.
Eng Produktioun vu La Baracca – Testoni Ragazzi. Spektakel invitéiert a Collaboratioun mat de Rotondes an dem Kulturhaus Niederanven.
12. Januar 2022
Rotondes
21. Januar 2022
Kulturhaus Niederanven
Empfehlungen