Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
Tarife
6€ Schultarif
12€ Normaltarif
6€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
Dauer
+/- 45 min (Ohne Pause)
Publikum
5 - 10 JAHRE
Sprache
Luxemburgisch

Ech ginn op d’Rees an huele mäi Rucksak mat.
A mäi Rucksak paken ech:
eng Weltkaart
eng Weltkaart an eng Schwammkap.
eng Weltkaart, eng Schwammkap an eng Melodie.
eng Weltkaart, eng Schwammkap, eng Melodie an eng kleng Dous Luussegkeet.
eng Weltkaart, eng Schwammkap, eng Melodie, eng kleng Dous Luussegkeet an
en ängschtlecht Blënzelen.
eng Weltkaart, eng Schwammkap, eng Melodie, eng kleng Dous Luussegkeet, en
ängschtlecht Blënzelen an eng fest Ëmäerbelung.
eng Weltkaart, eng Schwammkap, eng Melodie, eng kleng Dous Luussegkeet, en
ängschtlecht Blënzelen, eng fest Ëmäerbelung an ee „Weess-de-nach?“.



No enger spannender éischter Rees duerch Nordamerika, d’Tierkei an de Kongo huet d’Betsy sech nees op de Wee gemaach, fir nei Geschichten uechter d’Welt ze sammelen. D’Nataša huet sech säin Akkordeon op de Réck gelueden an huet sech mat him zesummen op de Wee gemaach. Vill Stonne laang hu si nogelauschtert, ausgetosch, musizéiert a gesongen, si si getrëppelt a geflunn a geschwomm… an elo si si nees doheem an hunn nees e ganze Rucksak voller Geschichten dobäi, deene si ënnerwee begéint sinn… ënnerwee zu zwee.


« Betsy Dentzer a repris la route avec Nataša Grujovic pour collectionner de nouveaux contes et chansons venus des quatre coins du monde. Une aventure à deux pour cueillir les perles du patrimoine oral. »

— Le Quotidien, 24.12.19
BETSY DENTZER, ERZIELUNG. NATAŠA GRUJOVIĆ, AKKORDEON. NATERCIA REBELO, KOSTÜMER. MILLA TRAUSCH, KËNSTLERESCH BERODUNG THEATER. JEAN BERMES, KËNSTLERESCH BERODUNG MUSEK.
Production Rotondes
Empfehlungen