Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
19:00
Tarife
11€ Normaltarif
5,50€ Normaltarif
1,50€ Kulturpass
Sprache
Luxemburgisch

Mam Walter Benjamin gouf de Begrëff vun der „Aura“ vum Konschtwierk bekannt. Et läit eppes ganz Besonnesches an engem Konschtwierk, fir dat et d’Opmierksamkeet vum Betruechter waakreg këddele kann. Scho vill méi fréi huet den Johann Gottlieb Fichte sech awer scho Gedanken driwwer gemaach, wisou verschidde Wierker, zum Beispill verschidde Bicher, no deenen éischten 20 Säiten an den Eck geluecht ginn, an anerer een esou fesselen, datt een di ganz Nuecht dra liese muss. Och hei ass een änlecht Konzept am Spill, nierwt der Aura beschäftege eis de „Geescht“, deen an der Konscht iwwermëttelt gëtt. D’Roll vum Kënschtler ass a béide Fäll eng usprochsvoll: Et ass seng Roll, dem Betruechter eppes matzedeelen, seng Iddi dem Public zougänglech ze maachen an dëst iwwert d’ästhetesch Kontemplatioun. Kënnen nëmmen Genien dat erreechen? A wéi ginn se dobäi vir? Ass et just de Geescht deen zielt, oder spillen d’Sënner an de Kierper, schaafend Hänn, eng änlech wichteg Roll?

En luxembourgeois avec traduction simultanée en FR sur demande préalable, au plus tard 3 jours avant la conférence. 

Participante kënnen sech fir de ganzen Zyklus als Erwuessenebildung registréieren a soumat e Certificat vum nationalen Educatiounsministère (MEN) kréien. D'Aschreiwung gitt am Kader vun der éischten Konferenz sur place gemaat.

Empfehlungen