Wéi kléngt eigentlech d’Kribbelen an dengem Bauch? A wat geschitt, wann d‘Kribbele lues a lues duerch den Hals an iwwer däi Mond eraus entwëscht, an der Loft schwieft, duerch de Weltall flitt, iwwer eng Gei an eng Marimba rutscht a – wutsch – direkt an deng Ouere flitt ? E Sänger op der Gei, e Perkussionist, den danzt, an en Dänzer, de séngt, huelen iech mat op eng amüsant Begéinung tëscht Danz, Musek a Stëmm. En dynameschen a poetesche Kannerconcert, den all Sënner këddelt...