Tangram: e perfekte Quadrat aus siwe flaach geometresch Formen. Mat dësen Elementer kann een vill verschidden aner Formen schafen: Déieren, Haiser, Schëffer…Dëse bekannte chinesesche Puzzel huet d'Compagnie La Baracca zu dësem Theaterstéck fir déi Kleng ronderëm d'Zesummesetzung vu Biller inspiréiert. Op der Bün huelen dräi Personnagen dʼPublikum mat op eng Rees, déi si mat wäissen Tangram-Formen duerstellen. Zesumme besichen si bekannt an onerfuerschte Plazen, treffen op komesch Personnagen an nach méi komesch Situatiounen, spille mat hinnen, reese weider a verléiere sech. Mee mat géigesäitegem Vertrauen an Ënnerstëtzung fannen se nees de Wee zréck.