Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
19:00
Tarife
11€ Normaltarif
5,50€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
Sprache
Luxemburgisch
COVIDCHECK
CovidCheck-Event

Jidderee schéngt ze wësse wat gemengt ass, wann ee seet: «Dat ass awer schéin!»; mee, wat genee ass dann dat ominéist Schéint? Schonn de Platon, am 5. Joerhonnert viru Christus, huet d’Fro nom Schéinen opgeworf – an och de Bäitrag vun der Konscht heibäi kritiséiert. An der Antik fänken d’Iwwerleeungen iwwert d’ „Schéisinn vum Schéinen“ schonn un. Wann de Platon vum Schéinen als Schäin vum absolut Wouere schwätzt, bedeit eng Begéinung mat deem Schäin eng Erënnerung un d’Wiese vun de Saachen: eng Anamnesis. Den däitschen Dichter Friedrich Hölderlin knäppt un dës Iddi un; duerch d’Erfuere vun der Schéinheet gi mir op eist „wahrhaft“ Sinn verwisen. D’Konscht dobäi, sou de Platon, ass een Hindernis – si schaaft just Ofbiller vun engem Schäin a bréngt eis domat nach weider ewech vun der Wourecht, wéi mer et elo scho sinn. Dat den Aristoteles sengem Meeschter do widdersprécht, an dat den Däitsche Philosoph G.W.F. Hegel hei eng gewote Bréck schléit, léisst eis der Relatioun tëscht dem Schéinen an der Wourecht, der Konscht an dem Absolutte méi no kommen.


En luxembourgeois avec traduction simultanée en FR sur demande préalable, au plus tard 3 jours avant la conférence. 

Participante kënnen sech fir de ganzen Zyklus als Erwuessenebildung registréieren a soumat e Certificat vum nationalen Educatiounsministère (MEN) kréien. 

ANMELDEFORMULAR für die Teilnahme als Erwachsenenbildung (pdf ausfüllen und an mail@cape.lu zurückschicken oder zur ersten Veranstaltung mitbringen)

Empfehlungen