Kreativitéit huet vill Facetten! Sahasa (nepalesesch fir Courage) ass eng gedanzte Geschicht iwwer Courage an iwwer Kreativitéit. An enger Performance aus HipHop-Danz, Freestyle-Football, Freerun, Illustratioun a Video-Projektioun weisen dräi Kënschtler:innen, datt Kreativitéit net nëmme mat Konscht ausgedréckt ka ginn, mä och aner Formen anhuele kann. Doduerch wëllen se jiddereen, ob Grouss oder Kleng, encouragéieren, an all verschidde Facette kreativ ze ginn a seng Geschicht ze erzielen. D’Stéck invitéiert op eng Rees op der Sich no Selbstverwierklechung, bei der een seng Fäegkeeten an Talenter entdecke kann, awer sech och mat sengen Ängscht an Zweiwele konfrontéiere soll. Sahasa reegt un, virwëtzeg ze sinn, Iwwerraschungen ze erliewen, sech op nei Begéinungen anzeloossen, an einfach couragéiert ze sinn.