Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
Tarife
16€ Normaltarif
8€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
6€ Schultarif
Dauer
+/- 50 min (Ohne Pause)
Publikum
6 - 12 JAHRE
Sprache
Luxemburgisch
COVIDCHECK
CovidCheck-Event (am Sonntag)
MUND-NASEN-SCHUTZ OBLIGATORISCH
während der Veranstaltung am Dienstag

Wat ass béis, wat mécht den Ierger mat engem, an deet Roserei net heiansdo och gutt? Wat bleift wann d’Roserei vergeet? Wou geet si hin? A wéi rosen ass eigentlech eng Spann? An engem humoristesch-poetesch-absurden Theaterstéck fir Kanner tëschent 6 an 12 Joer maache sech de Sänger Jean Bermes an d’Schauspillerin Julie Kieffer mat vill Musek a béis vill Witz op d’Sich no der Roserei. Si si bescht Frënn, vertraue sech blann, kënnen awer heiansdo richteg rose matenee sinn – oder iwwereneen, niewentenee, ënnereneen, ouni eneen, wéinst eneen, duercherneen... Zesumme mam jonke Publikum erfuerschen se spilleresch, voll rosener Musek a gedanztem Ierger, dës Gefillswelt, déi vill ze oft mëssuecht gëtt, awer dach esou authentesch a wichteg fir d’Kanner an och d’Erwuessener ass. Mat engem flotte verännerbarem Bünebild, flexibele Requisiten, villen Instrumenter a verstoppten Iwwerraschunge gëtt gewisen, datt ee wuel nach dierf a soll béis ginn.

Jean Bermes, Julie Kieffer , Spill. Florian Hackspiel , Inszenéierung. Nikola Jeremic , Kompositioun. Thomas K Mörschbacher, Bün. Ela Baumann, Dramaturgie. Tanja Frank, Produktioun. Krischan Kriesten , Luucht.
Eine Koproduktion der Kompagnie Kopla Bunz, Theater Melone Innsbruck, Rotondes & CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck.
Empfehlungen
SAHASA
Jill Crovisier / JC Movement Production
CAKU - Tanz