Wat ass béis, wat mécht den Ierger mat engem, an deet Roserei net heiansdo och gutt? Wat bleift wann d’Roserei vergeet? Wou geet si hin? A wéi rosen ass eigentlech eng Spann? An engem humoristesch-poetesch-absurden Theaterstéck fir Kanner tëschent 6 an 12 Joer maache sech de Sänger Jean Bermes an d’Schauspillerin Julie Kieffer mat vill Musek a béis vill Witz op d’Sich no der Roserei. Si si bescht Frënn, vertraue sech blann, kënnen awer heiansdo richteg rose matenee sinn – oder iwwereneen, niewentenee, ënnereneen, ouni eneen, wéinst eneen, duercherneen... Zesumme mam jonke Publikum erfuerschen se spilleresch, voll rosener Musek a gedanztem Ierger, dës Gefillswelt, déi vill ze oft mëssuecht gëtt, awer dach esou authentesch a wichteg fir d’Kanner an och d’Erwuessener ass. Mat engem flotte verännerbarem Bünebild, flexibele Requisiten, villen Instrumenter a verstoppten Iwwerraschunge gëtt gewisen, datt ee wuel nach dierf a soll béis ginn.