D'Stëmm ka geflüstert oder genurelt ginn, si ka brommen oder explodéieren. Mir héieren se, spieren se awer och duerch eise ganze Kierper. Déi eng Stëmmen héieren sech duuss un, sinn agréabel fir nozelauschteren, déi aner quiitschen oder si guer net ze erdroen. Mir begleeden déi Allerklengst op eng wonnerschéi Rees fir d’Stëmm ze entdecken, déi zesumme mam Piano en eleganten Duo forméiert. Dës musikalesch a verdreemte Rees fänkt un mam Entstoe vum Klang, mat Onomatopeeë (Lautmolerei) a Vokaliséierung, a beweegt sech duerno a Richtung vu Musek, déi zesumme gestallt oder ausernee geholl ka ginn. An der grousser Final erlieft dat jonkt Publikum déi bekannte Rache-Arie der Königin der Nacht aus dem Mozart senger Zauberflöte.