D’Welt ass Leiden oder Langweil, sou de de pessimisteschen Däitsche Klassiker Arthur Schopenhauer. Seng Philosophie versicht d’Struktur vun eiser Welt, eisem Liewen opzeschlësselen a faasst zesummen, wat mer alldeeglech erfueren: Et ass ee stännegt Wëllen, Drängen, Kämpfen a Vernichten. Wéi eng Roll huet dat Schéint, huet d’Konscht heibäi? An der Konscht, besonnesch an der Musek, erfuere mer eng Paus vun all där Qual, eng Fräiheet, an där mir eis entfale kënnen. Déi verschidde Konschtforme weisen eis d’Tragedie vun dësem stännege Wëllen op ganz eege Manéieren, woubäi se eis an eng erliichterend Parallelwelt invitéieren. Mam Friedrich Nietzsche schléisse mer un d’dramatesch Dimensioun vum Liewen un; gutt a schlecht, Loscht a Qual, alles ass géigesäiteg verbonnen. Och dat Schéint ka just entstoen, wann d’Leed iwwerweit. D’Konscht ass heibäi eis Rettung an, kontrastiv zum Schopenhauer sengem Pessimismus, en ausdréckleche Jo! zum Liewen. Dat Luxus och esou eng Zort Erliichterung duerstellt, ass enk un dat illusorescht Moment vun der Ästhetik geknäppt.
Participante kënnen sech fir de ganzen Zyklus als Erwuessenebildung registréieren a soumat e Certificat vum nationalen Educatiounsministère (MEN) kréien. D'Aschreiwung gitt am Kader vun der éischten Konferenz sur place gemaat.