Grouss ginn, dat heescht léiere wichteg Lienen ze knäppen: vum Stréckel an de Schong zoubannen, awer och sech un d’Leit em eis ronderëm ze bannen oder sech vun hinnen z’emanzipéiren. Eise Nuebel symboliséiert d’Verbindungen, déi opgeléist ginn, erënnert awer och un dat, wat eis verbënnt. Mat enger partizipativer Installatioun aus Klang a Biller bitt Knuet d'Méiglechkeet, dës ursprénglech Verbindung erëm z'entdecken. Déi Kleng gi vun dräi KënschtlerInnen (MusekerIn, visuell KënschtlerIn, DänzerIn) an Hielen, Tunnellen, Hängematten a Wéien matgeholl, wou si eng faszinéierend Welt aus Kniet a Trëtzen bewonneren an op sech wierke loosse kënnen.