Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
19:00
Tarife
11€ Normaltarif
5,50€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
Sprache
Luxemburgisch

Kënschtlech Intelligenz als Kënschtler? Ass een Algorithmus am selwechte Sënn schaafend wéi e Mënsch? D’Technologie huet gewalteg Entwécklungen duerchgemaach, an och d’kreatiivt Produzéieren ass heivun net ausgeschloss. Wou et bei der Musek nach wéineg iwwerrascht, sinn d‘Biller, déi vu Kënschtlechen Intelligenze „gemoolt“ ginn, dann dach awer ganz eegen. Bréngt eng Maschinn ouni Gefiller, ouni Passé, ouni Bewosstsinn et fäerdeg, genee esou eng Attraktioun an d’Konscht eranzebréngen, wéi den Artist aus Fleesch a Blutt? D’Erwaardungen un d’Technik sinn hei immens héich – mee soll se weiderhin als digitale Medium funktionéieren oder tatsächlech als autonome Schöpfer? Kann d’mënschlecht Aen iwwerhaapt den Ënnerscheed maachen, tëscht enger maschinell-artifizieller an enger mënschlech-artistescher Konscht? Et ginn eng sëllege Beispiller an Aspekter an dëser Diskussioun fir rauszefannen, wéi sech d’ästhetesch Erfarung an dësem Kontext weist.

En luxembourgeois avec traduction simultanée en FR sur demande préalable, au plus tard 3 jours avant la conférence.

Participante kënnen sech fir de ganzen Zyklus als Erwuessenebildung registréieren a soumat e Certificat vum nationalen Educatiounsministère (MEN) kréien. D'Aschreiwung gitt am Kader vun der éischten Konferenz sur place gemaat.

Empfehlungen