Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
17:00
Tarife
21€ Normaltarif
10,50€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
Dauer
+/- 1h05 (Ohne Pause)
Sprache
Luxemburgisch
COVIDCHECK
CovidCheck-Event

D’Valérie an den Thierry woren mat hierer Duechter vu siechzéng Joer an der Vakanz an engem nordafrikanesche Land, all inclusive, et wor flott, immens, leider net laang genuch. Erëm doheem fällt en ausgetrëppelten Dammeschong aus dem Thierry sénger Valise, och nach grad just dem Valérie an d’Gräpp. Eng Explikatioun, wou deen hier- komme kann, huet den Thierry net. Lues a lues verblatzen déi schéin Vakanzenimpressiounen an, am Fong ausgeléist duerch dëse Schong, ginn déi al Fronten tëschend der Koppel nees opgestallt, Haass, deen am Laf vun de Joeren gewues ass, beemt séch nees op an ee Lijenteppech, deen zënter Joeren deem Stot do ënnerläit, weist séch erëm no an no. Um Enn fënnt d’Valérie dann awer eraus, datt hiert Meedchen Anne dem Papp dee Schong, deen hatt vun engem Garçon am Hotel krutt, an d’Valisse gestach huet. An der Suel vum Schong si Soue verstoppt, fir europäesch Verhältnisser net vill. D’Anne behaapt esou Schong géingen zesumme mat Läiche vu Refugien all Nuecht vum Mier ugeschwemmt ginn, awer ganz fréi, ier d’Touristen an den Hoteler opsinn, ewech bruecht ginn. Dat kann a wëll den Thierry net gleewen… De Jean-Paul Maes dreift d’Dialogen op d’Spëtz fir dann mat enger witzeger Pointe den Drock ofzeloossen. Esou ass een et vun him aus séngen anere Stéicker jo och scho gewinnt.

Jean-Paul Maes, Autor, Dramatiker. Fabio Godinho, Regie. Nora Koenig, Marc Baum , Schauspiel. Marco Godinho, Szenographie. Roland Jakobi, Technik. Brigitte Bintz , Assistenz.
Empfehlungen