Have you ever had a dream that you thought was real? And if you couldn’t wake up from that dream? How could you distinguish that dream from reality? (Morpheus, The Matrix)
Aber die Wahrheit gilt nicht als oberste Macht. Der Wille zum Schein, zur Illusion, zur Täuschung, zum Werden, zum Wechsel (zur objektiven Täuschung) gilt hier als tiefer, ursprünglicher, metaphysischer als der Wille zur Wahrheit, zur Wirklichkeit, zum Sein - letzteren ist selbst bloss eine Form des Willens zur Illusion (Nietzsche)
Etant donné l’accumulation des preuves, il n’y a pas d’autre hypothèse plausible que la réalité. Etant donné l’accumulation des preuves du contraire, il n’y a pas d’autre solution que l’illusion. (Baudrillard, Le crime parfait)
Der Volleksbühn hiren neie Projet De Bësch ass eng immersiv Outdoor-Experienz, en Hybrid tëscht Nuetsrallye an Theaterstéck. D’Welt, an déi mir andauchen ass labber inspiréiert vu Lord of the Flies an The Matrix a schéckt d’Zuschauer:innen op eng sënnlech a verspillt Rees, di grouss metaphysesch Themen, déi d’Mënschheet schonn ëmmer beschäftegt hunn an déi haut méi aktuell si wi je, ze exploréieren: Wat ass d'Wourecht? A wéi enger Realitéit wëlle mir liewen? Gëtt et e fräie Wëllen oder ass Choix just eng Illusioun? En investigative Journalist entdeckt, dass d’Welt, an der mir liewe, just eng Illusioun ass. Hie bréngt et fäerdeg aus dësem Simulacrum ze flüchten a lant am Bësch - oder deem wat vun der richteger Welt nach iwwereg ass. Do trëfft hien op aner Leit, déi déi och, gewollt oder ongewollt, de Komfort vun hirer glécklecher Ignoranz verlooss hunn. Während Verschiddener probéiere vun der Situatioun ze profitéieren an anerer verzweiwelt versichen, erëm “heem” ze fannen, komme si dem Grond vun där virtueller Versklavung vun der Mënschheet op d’Spur a ginn dobäi mam Sënn vun hirer eegener Existenz konfrontéiert.
De Bësch ass eng immersiv Experienz am Bësch. Mir bieden Iech, adaptéiert Kleedung a Schong matzehuelen an d'Ëmwelt ze respektéieren. E Bus Theater an de Bësch, op d'Plaz vun d'Experienz (Depart um 18:30). Méi Informatiounen ginn Iech nom Kaf vun Ärem Billje per E-Mail geschéckt.