An dësem Spektakel gëtt den Kierper an all seng Eenzeldeeler zerluet: eng Hand, e Fouss, e Stéck Haut, zwee Aen... wei bei engem Spill aus Bausteng si vill Kombinatioune méiglech fir den Kierper opzebauen. De BoOm, e Personnage mat engem Wierfelkapp, hëlt déi Kleng mat op eng Rees fir erauszefannen, wéi et sech an eisem Kierper lieft wann deen ewéi en Haus opgebaut ass. Wéi geet ee mat der Schwéierkraaft ëm a wéi mam fragile Gläichgewiicht, dat eis an der Riicht hält? Mir kenne falen, trëllen, opstoen, klammen, sprangen an erëm falen… Bausteng a Form vun engem Wierfel si fir déi Allerkléngst e bekannten Element, den hei op eng lëschteg a poetesch Art a Weis dofir genotzt gëtt, hinnen d’Fro vu Schwéierkraaft a Gläichgewiicht méi no ze bréngen.