Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
16:00
Tarife
16€ Normaltarif
8€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
6€ Schultarif
Dauer
+/- 50 min (Ohne Pause)
Publikum
5 - 10 JAHRE
Sprache
Luxemburgisch

Aishinka Tinka ass en Erzielconcert mat Jazzmusek a 4 bulgaresch Märercher iwwer Déieren, déi mol witzeg, mol schlau, liddereg, geféierlech oder och einfach nëmmen domm sinn: d’Geschicht vun der Märelsmadamm, déi all
hir Eeër un d’Fuussemadamm verluer huet; déi vum Ochs, vum Hunn, vum Hues a vum Iesel, déi op der Flucht virun hiren ondankbaren a béisaartege Mënschen decidéieren, zesummen ze wunnen an ee Gesangsveräin ze grënnen; déi vum Bopa senger Moul, an der ganz vill Deieren aus dem Bësch, wéi beispillsweis d’Maischen, d’Wëllschwäin an de Bier, ouni ze streiden eng kal Wanternuecht zesumme verbruecht hunn; an dat Märche vum Fräsch, den der Mouk en ze groussen Hutt fir hire Gebuertsdag offréiert… Dat ganzt gëtt mat enger Grëtz Aishinka zerwéiert, en hybride Museksprojet tëschent Jazz, Klassik, urbaner Musek an traditioneller Musek, déi hiren Ursprong an der bulgarescher Lidderkultur huet. D’Basis besteet aus 3 Fraestëmme mat originell polyphonen an deels raue Kläng, déi mat Sopransaxophon, Piano, Kontrabass a Batterie vervollstännegt ginn.

Betsy Dentzer, Erzielung. Louise Andri, Piano, Arrangementer. Gergana Velikova, Julie Rens, Claire Parsons, Gesang. Tom Bourgeois, Sopransaxophon. Fil Caporali, Kontrabass. Daniel Jonkers, Perkussioun. Dan Tanson , Konzeptioun & Regie. Alexandra Lichtenberger, Kostümer. Lis Eich , Illustratiounen.
Eng Produktioun vun der Philharmonie Luxembourg.
Empfehlungen