Wir verwenden Cookies um Inhalte zu personalisieren und unsere Besucherstatistik zu führen. Bitte entscheiden Sie sich, ob Sie unsere Cookies akzeptieren möchten.
19:00
Tarife
11€ Normaltarif
5,50€ Jugendtarif
1,50€ Kulturpass
Sprache
Luxemburgisch

Déi grouss, faarfintensiv an awer abstrakt Biller vum Mark Rothko oder och déi ganz modern konzeptgedriwwe Konschtwierker – dës Wierker stellen eppes duer, wat net per se sënnlech oder materiell duerstellbar ass. D’Biller funktionéieren hei als Zeechen, Symboler, si verweisen op eppes, dat iwwert eis blouss sënnlech Welt eraus geet an initiéiere sou ee Kraaftakt fir eis Imaginatioun. Eis entwëscht eppes, mir kënnen et net gräifen oder verstoen, triede mer Kontakt mat deem „Méi“, deem „Bonus“, dee sech am Bild oder an der Installatioun verstoppt. D’philosophescht Hannerfroe riicht sech heibäi ganz geziilt op dëst Phänomen: Wéi gëtt dësen Surplus an d’Konschtwierk geluecht? Wéi kann e vun eis verstane ginn? Wéi kann et sinn, datt d’Erliewe vun esou engem Wierk – ouni dat et kloer Uweisungen zum Verstoe gëtt – dach vu ville Leit op eng änlech Aart a Manéier opgeholl gëtt? De mysteriéise Layer vun abstrakter Konscht gëtt heibäi, genee sou wéi d’Potenzial vun eisem Ënnerbewosstsinn, däitlech an de Fokus gestallt.

En luxembourgeois avec traduction simultanée en FR sur demande préalable, au plus tard 3 jours avant la conférence.

Participante kënnen sech fir de ganzen Zyklus als Erwuessenebildung registréieren a soumat e Certificat vum nationalen Educatiounsministère (MEN) kréien. D'Aschreiwung gitt am Kader vun der éischten Konferenz sur place gemaat.

Empfehlungen